Neijoerschswënsch vum Chamberpresident

Interview
Publié le 03.01.2022 à 15h21 Mis à jour le 15.09.2022 à 16h25

« All Guddes am neie Joer. Passt een op den aneren op, bléift solidaresch a gesond! »

Dat sinn d'Neijoerschwënsch vum Chamberpresident Fernand Etgen an dem Generalsekretär Laurent Scheeck. Ausnamsweis hunn si hir Wënsch per Video ausgedréckt, déi traditionell Receptioun konnt wéinst der sanitärer Kris net ofgehale ginn.

  1. 00:00:00

    Fernand Etgen, Président

A sengem Message, huet de Fernand Etgen déi sanitär Kris als eng vun den Erausfuerderunge fir Demokratie beschriwwen. « 2021 war och e Joer, wou eis Demokratie op d'Prouf gestallt gouf. » De Chamberpresident ass op d'Tëschefäll ze schwätze komm, déi um Bord vun e puer Manifestatioune géint d'Covid-Mesure geschitt sinn. « Jo - Onzefriddenheet kann a soll een zum Ausdrock bréngen. D’Chamber ass déi Plaz, wou een däerf virdrun demonstréiere kommen. Nee - d'Parlament probéieren ze stiermen a probéieren, d’Diere vun der Chamber anzedrécken, d'Gëlle Fra besetzen, sech mat Juddestäre victimiséieren, Politiker a Journaliste bedreeën: domat verletzt een eis déifste Wäerter. »

De Fernand Etgen kritiséiert d'Fake News, déi am Kader vun der Pandemie verbreet goufen. « Demonstratioun, Kritik a Protest gehéieren zu enger gesonder Demokratie. Leit déi falsch Fakten, Angscht, Onsécherheeten an Inégalitéiten instrumentaliséieren, dat ass eppes anescht », esou de Chamberpresident.

« 2021 war d'Joer, wou mer lues a lues geléiert hunn, mam Virus ze liewen. Ouni dat wierklech ze wëllen. 2021 war awer och d'Joer vun enger neier Normalitéit, och fir d'Chamber » stellt de Chamberpresident fest. 18 Méint laang huet d'Chamber am Cercle municipal siégéiert, ier se zeréck op de Krautmaart geplënnert ass.

« 2021 war awer och d'Joer vun enger neier Normalitéit, och fir d'Chamber »

 

Fernand Etgen, Président de la Chambre des Députés

« An dësen onsécheren Zäite si mer eis an der Verwaltung bewosst, wéi wichteg et ass, derzou bäizedroen, dass eis Institutioune stabil sinn. Dass d'Chamber eng stabil Plattform duerstellt, wou politesch Debatte sech kënnen op eng pluralistesch Aart a Weis entfalen a wou politesch Decisioune kënnen a Gesetzer gegoss ginn», ergänzt de Generalsekretär vun der Chamber de Laurent Scheeck. 

Wärend hirem Discours hunn de Chamberpresident an de Generalsekretär de Point vun de Prioritéiten fir d'nächst Joer an d'Projeten ervirgehuewen, déi am gaange sinn. 2021 gouf de wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber an d'Liewe geruff, 2022 soll deen Zerwiss nach weider gestäerkt an ausgebaut ginn. Vum 1ten Oktober un, soll de neien Internetsite vun der Chamber operationell sinn an d'Chamberblietchen an enger neier Versioun disponibel sinn. D'Formule fir Visiten an der Chamber gëtt och iwwerduecht an eng Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung ausgeschafft.

Le Secrétaire général Laurent Scheeck et le Président Fernand Etgen