Wéi eng Defier fir d'Educatioun vun de Bierger?

Emission
Publié le 30.05.2022 à 14h58 Mis à jour le 05.10.2022 à 17h10

Invité an der Emission ass de Marc Schoentgen, Direkter vum "Zentrum fir politesch Bildung".

  1. 00:00:00

    Monsieur Marc Schoentgen Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung

  2. 00:03:03

    Madame Claire Henzig CGJL/CNEL ; Madame Esther Ehlen CGJL / Jugendparlament ; Madame Nadine Schmit CGJL ; Madame Annick Jacobs Cefis

  3. 00:06:50

    Monsieur Marc Schoentgen Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung

  4. 00:21:21

    Madame Nathalie Morgenthaler Direktesch vum CET

  5. 00:23:42

    Viviane Reding, Députée

    Jean Asselborn, Ministre

Zanter 6 Joer setzt sech den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) dofir an, datt d'Demokratie an de politesche System besser verstane gëtt. Wat ass d'Wichtegkeet vun der Bildung vum Bierger am Kontext vun der internationaler an nationaler Aktualitéit? Wat sinn d'Erausfuerderunge vum ZpB a senger alldeeglecher Aarbecht? Des Froe stelle mir dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen. Donieft weise mir ee Reportage iwwert d'Atelieren, déi am Kader vum Dag vun der Biergerbildung zu Walfer am Centre Prince Henri organiséiert goufen. 

Aner Sujeten an der Emissioun: 

  • D'Missioune vum Centre pour l’égalité de traitement (CET)
  • An d'Evolutioun vun der Kafkraaft vun den EU-Fonctionnairen. 
Marc Schoentgen, Directeur du Zentrum fir politesch Bildung