Offiziell Visitt vun der Presidentin vum Europaparlament

Artikel
Publié le 15.03.2022 à 13h00 Mis à jour le 01.02.2023 à 19h02

D’Presidentin vum Europaparlament, d‘Madamm Roberta Metsola, war op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.

D’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola gouf vum Chamberspresident Fernand Etgen a vum President vun der Aussekommissioun Yves Cruchten empfaangen.
D’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola gouf vum Chamberspresident Fernand Etgen a vum President vun der Aussekommissioun Yves Cruchten empfaangen.

An deem Kader huet si eng Deklaratioun an der Chamber gemaach an op d’Froe vun den Deputéierte geäntwert, nodeems si vum President vun der Chamber, dem Här Fernand Etgen, an dem President vun der Aussekommissioun, dem Här Yves Cruchten, empfaange gi war a sech an d’Gëllent Buch agedroen hat. Beim Theema Krich an der Ukrain huet d’Madamm Metsola véier Akzenter gesat:

  • Et misst een d’EU onofhängeg vu russescher Energie maachen,
  • d’Gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik weiderbréngen,
  • d’Versuergung mat Liewensmëttel garantéieren a
  • Solidaritéit an Eenheet groussschreiwen.

„Mir hunn eis sécher an am Fridde gespuert, mee dem Vladimir Putin seng Invasioun huet dëse Fridden an Europa zerstéiert, eppes wat mir net erwaart hunn“, esou d’Presidentin vum EU-Parlament wärend hirer Interventioun.

 

De Video vum Discours am Replay: