D’Verfassung vun 1848
D’Feierlechkeete vum 28. Abrëll, déi d’Chamber zesumme mat der Stad Ettelbréck organiséiert, gi bei Geleeënheet vum 175. Anniversaire vun der Verfassung vun 1848 iwwer d'Bün.1848 war e kruziale Moment an der Geschicht vun der Verfassung.
1848 geet eng revolutionär Well duerch Europa. Et gi liberal Bestriewungen, déi den Uerder, deen nom Kongress vu Wien entstanen ass, a Fro stellen. Plazeweis, wéi a Frankräich, ginn et Revolutiounen.
Zu Lëtzebuerg ginn et op e puer Plaze vum Land Onrouen an enger generell awer friddlecher Ambiance. Trotzdeem kënnt d’Assemblée vun den Deputéierten, déi eng nei Verfassung ausschaffen, vum 25. bis den 28. Abrëll 1848 an der Schoul vun Ettelbréck beieneen, dat well se sech Suergen ëm d’ëffentlech Uerdnung maachen. Déi Sitzungen duerno sinn an der Märei an der Stad Lëtzebuerg.
Déi nei Verfassung, déi do entsteet, inspiréiert sech un der belscher Verfassung vun 1831. Et kann ee se als liberal a parlamentaresch bezeechnen.
Nei Fräiheete ginn an d’Verfassung opgeholl wéi déi individuell Fräiheet, d’Meenungsfräiheet, d’Gläichheet virum Gesetz oder nach d’Pressefräiheet.
Et ass déi éischte Kéier, dass d’Elitt vum Land, déi Notabel, eng Verfassung mat ausschafft. Bis dohinner war de Monarch, deen emol net am Land gewunnt huet, den eenzegen Auteur.
Anescht ewéi d’Ständeversammlung, déi éischt parlamentaresch Assemblée, kritt d’Chamber reell Pouvoiren. Si ka vu sech aus zesummekommen, ouni mussen aberuff ze ginn. Als legislative Pouvoir stëmmt si all Joer de ganze Budget an d’Membere vun der Regierung si virun hir responsabel.
De Grand-Duc ass an engems Kinnek vun Holland. En huet just nach déi Pouvoiren, déi d’Verfassung him gëtt. An deem Sënn handelt et sech ëm eng konstitutionell Monarchie.
Et kann een awer nach net vun enger richteger Demokratie schwätzen, well dat allgemengt Walrecht nach net an der Verfassung virkënnt. D’Walrecht ass de räiche Männer virbehalen an un den Zensus, also un d’Steieren, gebonnen, an dat an enger Zäit – an de 40er-Jore vum 19. Joerhonnert –, an där e groussen Deel vun de Leit am Land Honger leit.
D’Verfassung vun 1848 gëtt am Respekt vum deemolege legale Kader ageféiert. Juristesch gesi ka se deemno net als revolutionär bezeechent ginn. D’Verfassung vun 1848 schaaft d’Grondlag vun der verfassungsrechtlecher Uerdnung, wéi mer se haut kennen.
Zu de Feierlechkeete vum 28. Abrëll am Kader vun den 175 Joer vun der Verfassung vun 1848 gehéieren eng Séance académique an de Festival „Lëtz elo“.