D'Geschicht vun der Chamber
Timeline
1839 gëtt Lëtzebuerg onofhängeg a funktionéiert am Ufank ouni parlamentaresch Representatioun. Nodeems déi éischt Assemblée 1841 en place gesat gouf, huet sech déi parlamentaresch Institutioun weiderentwéckelt.
1841
Mat der Constitutioun vun 1841 gëtt d’„d’Ständevertriedung“ oder „Assemblée des états“, mat doranner 34 Deputéierten, an d’Liewe geruff. Dee Moment ass d’Land eng absolut Monarchie, dofir sinn d’Pouvoire vun der Assemblée limitéiert. Si ka keng Decisiounen huelen an huet just eng consultativ Funktioun nieft dem Herrscher. Den Accord vum Parlament ass nëmmen a seelene Fäll gefrot, zum Beispill bei de Gesetzer iwwert d’Steierfroen. Nëmmen de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. huet d’Recht, Gesetzer ze proposéieren. D’Parlament gesäit sech just 14 Deeg am Joer a seng Sëtzunge si geheim.
1848
Déi nei Verfassung ass vun 1848, eng Zäit, an där a Frankräich revolutionär Mouvementer, demokratescher a sozialer, ëmmer méi staark ginn. D’Constitutioun féiert d’constitutionnel Monarchie an. De Kinnek-Grand-Duc kritt just déi Pouvoiren, déi d’Constitutioun an déi speziell Gesetzer him ginn.
De legislative Pouvoir huet d’Parlament. Et huet d’Recht, Gesetzer ze proposéieren an ze amendéieren. D’Parlament decidéiert iwwert de Budget a kritt d’Muecht fir ze enquêtéieren. D’Regierung gëtt vun der Chamber kontrolléiert. D’Parlamentssëtzunge ginn ëffentlech.
1853
De Kinnek a Grand-Duc Wëllem III. gëtt der Regierung 1853 den Optrag, eng nei Verfassung ze schreiwen, déi d’Pouvoire vun der Chamber limitéiere soll. Wéi d’Chamber refuséiert, d’Revisiounspropositioun vun der Regierung unzehuelen, léist de Grand-Duc si op. Et kënnt een zeréck op d’absolut Monarchie. D’Parlament gëtt nees d’„Assemblée des états“ a behält seng legislativ Pouvoiren, mee de Kinnek a Grousssherzog muss d’Gesetzer net méi an engem bestëmmten Delai sanktionéieren a promulgéieren. D’Steiere mussen net méi all Joer gestëmmt ginn an de permanente Budget gëtt erëm agefouert.
De Staatsrot gëtt 1856 agefouert, deemools, fir d’Parlament ze kontrolléieren. E kritt d’Missioun, Avisen iwwert Gesetzesprojeten a Reglementer ze schreiwen. E këmmert sech och ëm adminsitrativ Ugeleeënheeten.
1868
No der Onofhängegkeets- an Neutralitéitsdeklaratioun vu Lëtzebuerg am Joer 1868 gëtt d’Verfassung iwwerschafft. D’Verfassung, déi vun der Chamber ugeholl gëtt, ass e Kompromëss tëscht de Fräiheete vun 1848 an der autoritärer Charta vun 1856. D’Parlament gëtt a „Chambre des Députés“ ëmbenannt a kritt déi meescht Rechter, déi et 1856 verluer huet, zeréck. Dat ass zum Beispill de Vott all Joer iwwer de Budget an d’Steieren. De Kinnek-Groussherzog behält seng Muechten . Hien huet den exekutiven an och Deeler vum legislative Pouvoir.
1919
D’constitutionnel Revisioun vun 1919 féiert dat allgemengt Walrecht an a bestätegt de Prinzip vun der nationaler Souveränitéit. Et gi Fortschrëtter a Richtung Demokratisatioun gemaach, an dat an enger Zäit, an där d’Monarchie an der Kris ass, an där d’Leit Honger hunn an et Problemer beim Approvisionement gëtt.
De Grand-Duc bleift de Staatschef a Colegislateur. D’Stréimunge géint d’Dynastie kënnen sech net duerchsetzen. An engem Referendum vun 1919 schwätze sech 80 % vun de Walberechtegte fir d’Erhale vun der Dynastie aus.
1940-44
Déi éischt Sessioun nom Zweete Weltkrich ass de 6. Dezember 1944 a limitéiert sech op eng eenzeg ëffentlech Sëtzung, well d’Deputéiert net zu genuch sinn. Eng consultativ Assemblée kënnt vu Mäerz bis August 1945 zesummen an am Oktober 1945 sinn Neiwalen.
D’Chamber nom Zweete Weltkrich iwwerschafft nach eng Kéier d’Verfassung. De Statut vun der Neutralitéit vum Land gëtt domadder ofgeschaaft.
1965
D’Aarbecht vun der Chamber gëtt méi einfach, well parlamentaresch Kommissiounen agesat ginn, déi spezialiséiert a permanent sinn. Virdru war et der Chamber net méiglech, eng gutt Qualitéit vun der Aarbecht ze garantéieren, well d’Sektiounen (d’Virgänger vun de Kommissiounen) net spezialiséiert waren an hir Memberen nom Zoufallsprinzip ausgewielt gi waren. Eng aner Innovatioun sinn d’Fraktiounen. Si sinn offiziell am Reglement unerkannt a kréie Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt esouwéi Subventiounen, jee no hirer Representativitéit. Dës materiell Hëllefe si vill méi geréng wéi déi vun 1990 a gëlle just fir Fraktiounen.
1979
Dës Wale sinn de selwechten Dag wéi d’Chamberwalen, esoudatt et e klengen Ufank vun engem politeschen Debat iwwer Europa gëtt. Lëtzebuerg huet sechs Deputéiert am Europaparlament vun am Ganzen 412 Deputéierten. Vun de lëtzebuerger sinn der dräi vun der CSV, zwee vun der DP an ee vun der LSAP. Si bleiwe Member vun der Chamber. Wéinst deene Wale kritt déi europäesch parlamentaresch Assemblée eng demokratesch Legitimitéit. Si verdéngt vun do un den Numm „Europaparlament“, dee se sech eigentlech scho virdru ginn hat, ma e gëtt eréischt mam Acte unique 1987 officialiséiert. 1979 gräiftd’Europaparlament op säi Pouvoir iwwer de Budget zréck, andeems et dee vun 1980 refuséiert.
1990
D’Modifikatioune vum Chamberreglement, déi tëscht 1990 an 1991 gemaach ginn, erhéije fundamental déi materiell Moyenen, déi de Fraktiounen zur Verfügung gestallt ginn. Si hëllefen dobäi, déi politesch Aarbecht ze professionaliséieren.
Donieft huet all Deputéierten d’Recht op en ekipéierte Bureau no bei der Chamber. D’Chamber iwwerhëlt d’Käschte fir den Deputéierten hir Mataarbechter, déi agestallt ginn. Déi materiell Hëllef gëtt net nëmme gestäerkt, mee si geet elo och un technesch Gruppen, dat, nodeem déi kleng Parteie bei der politescher Rentrée 1989 eng Protestaktioun gemaach hunn.
1999
De Rechnungshaff ass en onofhängegt Organ. D’Chamber kann op seng Déngschter zréckgräifen. De Rechungshaff kontrolléiert déi finanziell Gestioun vun den Organer, Administratiounen an Zerwisser vum Staat. E kann déi finanziell Gestioun vun all moralescher Persoun – privat oder ëffentlech –, kontrolléieren, gradewéi vun all physescher Persoun vu privatrechtlechem Recht , déi ëffentlech finanzéiert gëtt, zum Beispill dem Musée de la forteresse . All Joer schreift de Rechnungshaff e Rapport iwwert d’Generalkonte vum Staat. E kann op Demande vun der Chamber Avisen iwwer Gesetzesprojeten oder Gesetzespropositiounen ofginn, déi e bedeitenden Impakt op d’Staatskeess hunn.
2004
Ee neit Gesetz féiert 2003 d’Funktioun vum Mediateur , dem Ombudsman, an. En ass un d’Chamber gebonnen, mee kann, am Kader vu senger Funktioun, keng Instruktioune vun enger aner Autoritéit kréien. E këmmert sech ëm Reklamatioune vu Bierger, déi ee Litige mat enger Verwaltung vum Staat oder vun enger Gemeng hunn.. Oder mat ëffentlechen Etablissementer vum Staat oder de Gemengen. E versicht d’Litigen tëscht den zwou Parteien ze léisen a kann och als Beroder agéieren. All Joer, présentéiert den Ombudsman der Chamber e Rapportdeen da vun der Chamber, verëffentlecht gëtt.
2008
Déi politesch Parteie ginn zanter Januar 2008 vum Staat finanzéiert, dat, nodeem se an d’Verfassung ageschriwwe goufen, an och nom Parteiefinanzéierungsgesetz vun 2007. Hir Konte si kloer vun deene vun de Fraktiounen ze trennen. Et handelt sech ëm zwou verschidde Strukture mat eegenem Personal. Fir kënne vum ëffentleche Finanzement ze profitéieren, muss eng Partei virweisen, datt se enger reegelméisseger politescher Aktivitéit nogeet, si muss komplett Kandidatelëschte fir d’Chamber- an Europawale virweisen an op d’mannst 2 % vun de Stëmme kréien.
2014
Déi ëffentlech Petitioun ass en Instrument, dat méi wäit wéi déi einfach Petitioun geet. Wa se vun der Petitiounskommissioun als recevabel erkläert ginn ass, gëtt se um Site www.petitiounen.lu verëffentlecht. Bannent sechs Woche kann se op Pabeier oder online ënnerschriwwe ginn. Wann se de Seuil vun 4.500 Ënnerschrëfften erreecht huet, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber, deen iwwerdroe gëtt.
2017
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OkaJu) ass de Successeur vum Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK). Fir seng Onofhängegkeet vis-à-vis vum Executif ze garantéieren , ass en net méi vum Educatiounsministère ofhängeg, mee e gëtt un d’Parlament rattachéiert an huet seng eegen Administratioun.
Am Kader vu senge Missioune kritt e vu kenger anerer Autoritéit Instruktiounen.
Am selweschte Joer, also 2017, gëtt och de Centre pour l’égalité de traitemen (CET) un d’Chamber rattachéiert. Zanter dem Ufank am Joer 2006 bis 2017 war en ënnert der Tutelle vum Familljeministère.
2020
De 17. Mäerz 2020 rifft de Premierminister den „état de crise“ aus. Et ass déi éischte Kéier, dass dat geschitt. Den „état de crise“ gouf am Oktober 2017 duerch en Amendement vun der Verfassung geschaf.
Wärend dem Etat de crise – am Fall vun internationale Krisen, reelle Menacë fir d’Liewe vun der Bevëlkerung oder déi ëffentlech Sécherheet – kann de Grand-Duc Mesuren huelen, déi géint déi existent Gesetzer verstoussen. Dës Prozedur ass justifiéiert, wann d’Chamber net an den noutwendegen Delaie ka Gesetzer maachen. D’Krisemesurë mussen noutwendeg, adequat a proportionéiert sinn.
Wärend der Covidkris plënnert d’Chamber an de Cercle op d’Plëss d’Arem an der Stad. Vun Abrëll 2020 bis Oktober 2021 kënnt d’Chamber am Cercle zesummen.