Themateschen Dossier

D'Petitiounsdebatten

Wann eng ëffentlech Petitioun de Seuil vu 4.500 validéierten Ënnerschrëfte bannent 6 Wochen zesummekritt, kënnt et zu enger ëffentlecher Debatt an der Chamber. Do kann de Petitionär den Deputéierten aus den zoustännege Chamberkommissiounen an den zoustännege Ministeren seng Uleiesse presentéieren. De Petitionär ka vu bis zu 5 Persoune begleet ginn. D'Debatte gi live iwwerdroen. D'Petitioune fir z'ënnerschreiwe fannt Dir ënnert www.petitiounen.lu.