D'Kapitel "Justiz"
En neit Organ: de "Conseil national de la justice"
D'Organisatioun vun der Justiz
An deem neien Text gëtt d’Konzept vum „pouvoir judiciaire“, also vun der Justiz, déi vun de Geriichter an Tribunaler ausgeüübt gëtt, ausdrécklech festgeschriwwen.
D'Onofhängegkeet vun der Justiz gëtt verankert
D‘Onofhängegkeet vun de Magistrate gëtt duerch d‘Definitioun vun hirem Statut séchergestallt. Nach verstäerkt gëtt se duerch d’Schafe vun engem Nationale Justizrot (Conseil national de la justice).
D‘Onofhängegkeet vun der Justiz bedeit och, dass d’Riichter net kënnen ofgesat ginn. De Parquet ass onofhängeg, wann en enquêtéiert an eenzel Strofverfollegunge mécht. D’Regierung behält awer d’Recht, strofrecht-politesch Richtlinne festzeleeën.
D‘Onofhängegkeet vun der Justiz implizéiert ausserdeem, dass Riichter a Parquet strikt vunenee getrennt sinn.
Et gëtt en nationale Justizrot geschaf
Dem Nationale Justizrot seng Missioun ass et, fir de gudde Fonctionnement vun der Justiz ze suergen, dat am volle Respekt vun hirer Onofhängegkeet.
Hien ass un der Nominatioun vun de Magistrate bedeelegt an intervenéiert am Kader vun eventuellen Disziplinarprozedure géint si.
Garantie fir de Bierger gi confirméiert
D’Garantië fir Leit déi mat der Justiz ze dinn hunn, beispillsweis de Prinzip vum Délai raisonnable oder vun der Onparteilechkeet vum Riichter, ginn elo regruppéiert
Nom Artikel 114 vun der Verfassung muss d'Propositioun N° 7575 no op d'mannst dräi Méint nom éischte Vott duerch en zweete constitutionnelle Vott duerch d'Chamber adoptéiert ginn. D’Wieler, déi an d’Wielerlëschte fir d'Legislativwalen agedroe sinn, hunn awer och d’Méiglechkeet, fir amplaz vum zweete constitutionnelle Vott e Referendum ze froen.
De komplette parlamentareschen Dossier ass ze fannen um Site: www.chd.lu