Code de conduite vun den Deputéierten
Zanter der parlamentarescher Sessioun 2014-2015, mussen d’Deputéiert e Code de conduite anhalen, deen eng gewëssen Zuel vu Reegelen an deontologesch Normen definéiert. D’Zil vum Code ass et, den Deputéierten a sengem Verhale, ze guidéieren wann et e Risk vun Interessekonflikter gëtt.
Fir Transparenz ze garantéieren, deklaréieren d’Deputéiert hir Revenuen an hir finanziell Interessien. D’Deklaratioun gëtt um Site vun der Chamber verëffentlecht, ënnert dem Profil vum Deputéierten. De Code de conduite ass am Chambersreglement ageschriwwen.
Am Kader vu sengem Mandat, huet en Deputéierte kee Recht Kaddoen unzehuelen, déi e Wäert vun iwwer 150 Euro hunn. En däerf keng Reeskäschten, Iwwernuechtungskäschten oder Openthaltskäschte vun Drëtte bezuelt kréien.
Eng Panoplie vu Sanktiounen si virgesinn. Déi gi vun der Verwarnung oder dem ëffentleche „Blâme“ bis hin zum Ausschloss aus verschiddene parlamentareschen Aktivitéiten an Delegatiounen.
Iwwerwaachungscomité
Ee consultative Comité iwwerwaacht, datt de Code de conduite agehale gëtt. Seng dräi Memberen, déi vum Bureau vun der Chamber fir eng Legislatur nominéiert ginn, beroden d’Deputéiert. De Comité besteet aktuell aus :
-
Georges Wivenes, procureur général d’État adjoint honoraire
-
Norbert Haupert, député honoraire
- Alain Meyer, Président honoraire du Conseil d'État