Déi wirtschaftlech a finanziell Aktualitéit zu Lëtzebuerg

Emission
Publizéiert le 29.11.2021 à 09h04 Update le 19.09.2022 à 10h20

Invité an der Emissioun Chamber aktuell ass de President vun der Finanzkommissioun André Bauler (DP).

  1. 00:00:00

    André Bauler, Député

  2. 00:04:25

    Claude Haagen, Député

    Monsieur David Lutty Direkter - Jan De Nul Group

  3. 00:08:23

    André Bauler, Député

  4. 00:17:06

    Nancy Arendt épouse Kemp, Députée

    Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat

    Monsieur Luc Deitz Petitionnär ; Monsieur Gérard Koneczny Petitionnär

  5. 00:20:54

D'Lëtzebuerger Finanzplaz representéiert ronn 30% vum PIB. 50.000 Aarbechtsplaze sinn am Finanzsecteur. Ass de Grand-Duché ze vill vun dësem Secteur ofhängeg? Wéi kann een d'Wirtschaft méi diversifiéiere fir d'Land op déi zukünfteg Erausfuerderungen ze preparéieren? A wéi gesäit et mat der Digitalisatioun aus? An der Emissioun Chamber aktuell diskutéiere mir mam President vun der Finanzkommissioun, dem André Bauler (DP) iwwer dës Voleten.

Den Invité reagéiert och op d'Visitt vun der Wirtschaftskommissioun bei Jan De Nul, enger Multinational déi ronn 6.000 Salariéeën zielt an am maritimme Beräich aktiv ass. D'Entreprise huet hire Sëtz zu Kapellen.

De leschte Punkt an der Emissioun geet iwwer d'Petitioun 2007, déi e Referendum iwwer d'Verfassungsrevisioune fuerdert.