D'Wäerter vun der Lëtzebuerger Gesellschaft

Emission
Publizéiert le 14.03.2022 à 09h45 Update le 19.09.2022 à 09h45

De Philippe Poirier, Titulaire vun der Chaire de recherche en études parlementaires op der Uni.lu ass den Invité an der Emissioun Chamber aktuell.

  1. 00:00:00

    Monsieur Philippe Poirier Professer op der UNI.lu

  2. 00:07:14

    Fernand Etgen, Président

    Monsieur Bart Brandsma Philosoph, Spezialist vun der Polariséierung

  3. 00:10:09

    Monsieur Philippe Poirier Professer op der UNI.lu

  4. 00:20:29

    Cécile Hemmen, Députée

    Josée Lorsché, Députée

    Madame Isabelle Schmoetten CID Fraen an Gender ; Madame Astrid Lulling Fréier Deputéiert an Europadeputéiert

  5. 00:24:17

    Monsieur Philippe Poirier Professer op der UNI.lu

Zu Lëtzebuerg hunn d'Mentalitéiten am Laf vun der Zäit geännert. D'Meenungen iwwer Homosexualitéit, d'kënschtlech Befruchtung, d'Roll vun der Fra an der Gesellschaft an d'Relioun sinn net méi déi selwecht, wéi nach virun 20 Joer. 

Dat geet aus der Etüd « European Values study » ervir, déi de Professer Philippe Poirier an der Emissioun Chamber aktuell presentéiert. Déi Etüd ass ee vun dräi Volete vun der Etüd Studialux, e Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg. 

Aner Sujeten: 

  • D'Polarisatioun vu Meenungen 
  • D'Representatioun vun de Fraen an der Politik.