De Schutz vum nationale Patrimoine

Emission
Publié le 07.02.2022 à 14h31 Mis à jour le 19.09.2022 à 10h15

D'Invitée vun der Emissioun Chamber aktuell ass d'Djuna Bernard (déi gréng), Rapportrice vum Gesetzprojet iwwer den Denkmalschutz. 

  1. 00:00:00

    Madame Djuna Bernard Presidentin vun der Kulturkommissioun

  2. 00:11:40

    Monsieur Emile Eicher President vum Syvicol

  3. 00:13:37

    Madame Djuna Bernard Presidentin vun der Kulturkommissioun

  4. 00:17:50

    Monsieur Michel Polfer Direkter vum MNHA - Musée National d Histoire et d Art

  5. 00:20:28

    Madame Djuna Bernard Presidentin vun der Kulturkommissioun

  6. 00:26:18

    Monsieur Jacques Poos deemolegen Ausseminister ; Madame Anne Calteux Representatioun vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg

Zanter iwwer 2 Joer schafft d'Kulturkommissioun um Gesetzprojet 7473 mat deem den Denkmalschutz iwwerschafft soll ginn. Mam neie Gesetz, gëtt sech de Grand-Duché e moderne Kader. D'Reegelen am Beräich vum Denkmalschutz gi reforméiert a moderniséiert. Den Texte gesäit Adaptatiounen op véier Niveaue vir. 

  • archeologesche Patrimoine 
  • architektonesche Patrimoine 
  • Patrimoine vun Objeten
  • immaterielle Patrimoine 

D'Rapportrice vum Gesetzprojet Djuna Bernard reagéiert och op d'Positioun vum Gemengesyndikat (SYVICOL) an den Impakt vun de neien Dispositiounen op d'Muséeën.

30ten Anniversaire vum Traité vu Maastricht

En anere Sujet an der Emissioun ass de Maastrichter Vertrag, dee virun 30 Joer ënnerschriwwe gouf. Mat deem Vertrag gouf de Grondstee fir d'Europäesch Unioun geluecht. 

D'Presidentin vun der Kulturkommission Djuna Bernard (déi gréng)