De Staatsbudget 2022

Emission
Publié le 08.11.2021 à 11h24 Mis à jour le 13.09.2022 à 12h27

Den Invité an der Emissioun ass den LSAP-Deputéierten a Rapport vum Budget 2022 Dan Biancalana.

Den Impakt vun der Pandemie op de Staatsbudget vum nächste Joer an déi sozial Aspekter stinn am Mëttelpunkt vun der Emissioun Chamber aktuell. Mam Rapporter vum Budgetsprojet Dan Biancalana (LSAP) kucke mir op seng Gespréicher mat den Akteure vum Terrain, zum Beispill der "Entente des offices sociaux".

De Budget ass dat wichtegste Gesetz vum Joer, mat deem d'Recetten an d'Depensen festgeschriwwe ginn. De Budget deelt sech an zwee Gesetzprojeten op : de Gesetzprojet 7878 fir den Exercice 2022 an de pluriannuelle Budget (Gesetzprojet 7879) fir d'Period 2021-2025. 

En anere Sujet an der Emissioun ass déi parlamentaresch Diplomatie. Den 28ten Oktober war de Premierminster vun der palästinensescher Autoritéit Mohammad Shtayyeh op Visitt zu Lëtzebuerg.